Herzlech Welkom op der Homepage van der Léiler Musik!

Eis nächst gruss Veranstaltung(en):

Eise Kniäddelsowend den 22. Mäerz 2025 steet ganz am Zeechen van der Nohaltegkeet. Dofir organiséieren mir dësen als „Green Event“.

An deem Sënn ha mir vill Efforte gemaat, fir den allgemenge Ressourcëverbrauch ze reduzéieren.

– Dir reservéiert Äert Eessen am Viraus, fir dat mir net zevill kachen an o naist musse weggeheien.

– Mir notze Bioproduite fir d´´ Eessen an d´´´ ´Gedrénks. O komme vill Produiten aus der Regioun.

– Mir benotze Porzellain a Gleeser

De Centre Culturel läit goud an ass mam ëffentlechen Transport erreechbar.

– Velosstänner sen viran der Dier.

– D´´ Linn RGTR 163 fiirt am Stonnentakt van der Cliärrwer Gare bis op Léiler. De Busarrêt “Om Knupp” ass just 100 Meter fort.

All Infoen iwwert d´´ Méiglechkeet mam Bus ze kommen fannt dir op: www.mobilitéit.lu

Loading